Wattman

Dem Wattman seng Aarbechtsplaz an engem fréiere Stater Tram
E Wattman um Tram zu Porto

E Wattman ass e Chauffer vum Tram[1]. Den Ausdrock war beim fréiere Stater Tram an beim Minettstram geleefeg, e gëtt awer hautdesdaags net méi gebraucht. Gemenkerhand schwätzt en elo vum Tramschauffer.

Fir Wattman ze ginn huet ee missen tëscht 22 an 32 Joer al an op d'mannst 170 cm grouss sinn. Et huet een misse gutt gesinn, näischt am Casier judiciaire stoen hunn an en Examen am Rechnen, Franséischen an Däitsche maachen[2][3].

  1. (de)Dhur, Raymond, Chronik des öffentlichen Nahverkehrs in der Stadt Luxemburg 1908-1944. Hémecht, 37. Jg., nº Heft 2 (01.04.1985), S. 170. (01.04.1985). Gekuckt de(n) 06.08.2023.
  2. (fr)Chronique locale. L'indépendance luxembourgeoise, 57. Jg., nº 117, S. 3. (27.04.1927). Gekuckt de(n) 06.08.2023.
  3. (fr)Concours. Luxembourg (1935), 2. Jg., nº 88/89, S. 3. (28.03.1936). Gekuckt de(n) 06.08.2023.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne