Waudru vu Mons | |
---|---|
![]() Polychrom-Statu vun der Waudru vu Mons aus dem 18. Joerhonnert, am Musée du Chapitre, Zinnik (Soignies) | |
Titel | |
Titel | Äbtissin |
Biographie | |
Gebuer |
612 jul. Cousolre |
Gestuerwen |
9. Abrëll 688 jul. Mons |
Papp | Walbert |
Mamm | Bertilla |
Geschwëster | Aldegundis |
Kanner | Adeltrudis, Dentelin, Madelberta, Landericus, Landry |
Aktivitéit | Politiker |
Aner Informatiounen | |
Reliéisen Uerden | Benediktiner |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 9. Abrëll |
![]() | |
D'Waudru vu Mons (och Waldetrude, Waldetrudis, Waltrudis, Vaudru, (de) Waltraud oder Waltraut), gebuer uganks vum 7. Joerhonnert (méiglecherweis 612 zu Cousolre) a gestuerwen den 9. Abrëll ëm 688 zu Mons, war eng Adeleg aus der Dynastie vun de Merowenger an ass eng Helleg vun der kathoulescher Kierch.
Der Waudru hir Eltere waren der Grof Walbert an d'Bertila, hir Schwëster d'Adelgonde (Adelgundis). Béid Mamm a Sëschter gëllen och als Helleg. Si war mam Vincent Madelgaire (Madelgarius), Grof vum Hainaut an en héije Beamten um Haff vum Kinnek Dagobert I. bestuet. D'Koppel hat véier Kanner: d'Aldetrude, d'Madelberte, de Landry (Landricus) an den Dentelin, déi alle véier och als Helleg deklaréiert goufen.
Nodeems hire Mann Madelgaire an d'Klouschter Hautmont bei Maubeuge agetruede war, dat hie selwer gegrënnt hat, huet och d'Waudru zwee Joer drop, ëm 656, eng Benediktinerabtei gegrënnt, a gouf Äbtissin dovun. Ronderëm dat Klouschter ass dat haitegt Mons entstanen.
Si läit an der Kierch Sainte-Waudru zu Mons begruewen.
Den 9. Abrëll ass hire Gedenkdag am Hellegekalenner. Zu Mons ass dat den 12. August, wa wärend der Ducasse ë. a. och hir Reliquien an enger grousser Pressessioun duerch Mons gedroe ginn.
Nieft Mons gëtt et och zu Herentals eng Sint Waltrudis-Kierch.