Weltausstellung

London 1851: D'Kinnigin Victoria mécht déi alleréischt Weltausstellung op

D'Weltausstellung, och Exposition Universelle Internationale, Exposition Mondiale, Expo oder World's Fair genannt, ass eng grouss international Ausstellung, déi sech an der Zäit vun der Industrialiséirung etabléire konnt an op där Staaten an Entreprisen hir technesch a konschthandwierklech Leeschtunge weisen.

Zanter 1928 reegelt de Bureau International des Expositions (BIE) d'Organisatioun vun de Weltausstellungen, déi dräi bis sechs Méint laang daueren.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne