Wiesselcoursmechanismus II

Kaart vun den Europäesche Staaten mam Bezug zum Euro (Stand 1. Januar 2023)
██ Eurozon ██ WCM-II-Member, mat engem Opt-out ██ WCM-II-Member ██ EU-Memberen, déi den Euro aféiere mussen ██ Länner, déi den Euro mat offiziellem Accord agefouert hunn ██ Länner, déi den Euro vu sech aus als Wärung agefouert hunn]

De Wiesselcoursmechanismus II (ofgekierzt WCM II; (Englesch: European Exchange Rate Mechanism II, ERM II) ass zanter dem 1. Januar 1999 e Wiesselcourssystem, deen tëscht verschiddenen EU-Länner besteet. De WCM II leet eng Bandbreet vu ± 15 Prozent un de Leetcours vun der Wärung vun engem WCM II-Member op den Euro fest.

Den Europäesche Wärungssystem II (EWS II), ass den Nofollger vum Europäesche Wärungssystem (EWS), dee vum 13. Mäerz 1979 bis den 31. Dezember 1998 bestoung.

Den Ament si Bulgarien an Dänemark am WCM II. Ee vun de Konvergenzkrittären ass, datt e Land op d'mannst zwee Joer am WCM II si muss, ier et den Euro aféiere kann.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne