Wilfrid Hyde-White | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Wilfrid Hyde White |
Gebuer |
12. Mee 1903 Bourton-on-the-Water |
Gestuerwen |
6. Mee 1991 Woodland Hills |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Royal Academy of Dramatic Art, Marlborough College |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Kanner | Alex Hyde-White |
![]() |
De Wilfrid Hyde-White, gebuer den 12. Mee 1903 zu Bourton-on-the-Water an England, a gestuerwen de 6. Mee 1991 zu Woodland Hills a Kalifornien, war en englesche Schauspiller.
Am Joer 1922 huet hie seng Schauspillercarrière zu London am St James's Theatre ugefaangen. Seng éischt Roll am Kino huet hien am Joer 1934 am Film Josser on the Farm vum T. Hayes Hunter gespillt. Bedeitend Filmer an deenen hien ze gesi war sinn am Joer 1949 de Nokrichsdrama The Third Man ënner der Regie vum Carol Reed mam Joseph Cotten an Orson Welles an am Joer 1964 de Musical My Fair Lady vum George Cukor mat der Audrey Hepburn am Rex Harrison.
De Wilfrid Hyde-White war an iwwer 150 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.
Hien ass de Papp vum Schauspiller Alex Hyde-White.