Wladimir Semjonowitsch Wyssozki

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wladimir Semjonowitsch Wyssozki
Gebuer 25. Januar 1938
Moskau
Gestuerwen 25. Juli 1980
Moskau
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit UdSSR
Educatioun Moskauer Theaterschoul
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Liddermécher, Gittarist, Liddertexter, Komponist, Dréibuchauteur, Songwriter, Prosaist, Schauspiller, Sänger
Famill
Bestuet mat Marina Vlady

De Wladimir Semjonowitsch Wyssozki (op Russesch: Владимир Семёнович Высоцкий), gebuer de 25. Januar 1938 zu Moskau, an och do gestuerwen de 25. Juli 1980, war e russesche Singer-Songwriter, Dichter an Theater- a Filmschauspiller[1][2].

Hien huet seng Theatercarrière 1960 ugefaangen[3], a säin Debut beim Film war am Joer 1959. Fir seng Roll am Film Plochoi choroschi tschelowek krut hien 1974 de Präis als beschte Schauspiller am Taormina Film Fest (IT)[4].

Allerdéngs hat de Wyssozki, dee Siwesäitegittar ("russesch Gittar") gespillt huet, méi Succès als Sänger, Dichter a Museker. Hie war e ganz beléifte Kënschtler an der Sowjetunioun, a war an ass Kultfigur an der lokaler Musekszeen. Vill vu senge Lidder goufen Zäit senges Liewens zenséiert[2]. Awer 1987 war hie posthum Laureat vum Staatspräis vun der UdSSR[3].

  1. https://www.allmovie.com/artist/p181746
  2. 2,0 2,1 https://www.allmusic.com/artist/vladimir-vysotsky-mn0000722273/biography
  3. 3,0 3,1 Archive copy Archivéiert de(n) 01.04.2017. Gekuckt de(n) 26.01.2018.
  4. http://www.imdb.com/name/nm0904584/awards?ref_=nm_awd

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne