Wolfgang Petersen | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
14. Mäerz 1941 Emden |
Gestuerwen |
12. August 2022 Brentwood |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Gelehrtenschule des Johanneums |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Filmdréibuchauteur, Regisseur |
Member vun | Deutsche Filmakademie |
![]() |
De Wolfgang Petersen, gebuer de 14. Mäerz 1941 zu Emden, a gestuerwen den 12. August 2022 zu Los Angeles, war en däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
Hien huet seng Carrière op der däitscher Tëlee ugefaangen, wou en ë. a. Tatort-Episode gedréint huet, wourënner Reifezeugnis, mat der Nastassja Kinski erausgestach huet.
1980 huet hien de Kinofilm Das Boot gedréint, mat deem hien international bekannt gouf. 1983 huet hien dem Michael Ende säi Bestseller Die unendliche Geschichte verfilmt.
Dono goung en op Hollywood, wou e sech mat Blockbusteren, wéi zum Beispill Shattered, In the Line of Fire, Outbreak, Air Force One, The Perfect Storm, Poseidon an Troy en Numm gemaach huet.