World of Warcraft (Welt vun der Krichskonscht) oder och kuerz einfach WoW genannt, ass ee Computerspill, méi genee een MMORPG (massively multiplayer online role-playing game) vu Blizzard Entertainment an der Fantaisiewelt Azeroth. Et ass de véierten Titel an der Rei vun de Warcraft-Spiller. Mat iwwer 10 Millioune Souscriptiounen ass World of Warcraft domat ee vun de beléifteste Rollespiller am Internet.
D'Spill ass den 23. November 2004 an den USA, Kanada, Australien an Neiséiland fir Microsoft Windows a Mac OS X erauskomm. An Europa war d'Spill zanter dem 11. Februar 2005 an englescher, däitscher, franséischer a spuenescher Sprooch an de Butteker ze fannen. A Südkorea koum World of Warcraft den 12. November 2004 an an der Volleksrepublik China de 6. Juni 2005 op de Maart. Déi russesch Versioun ass de 6. August 2008 ugelaf.
Wéi bei villen MMOPRGen muss och fir World of Warcraft all Mount bezuelt ginn. Als Alternativ zum Abonnement fir 1 Mount, 3 Méint oder 6 Méint kann ee fir eng Period vu 60 Deeg och mat enger sougenannter "Prepaid Game Card" spillen.
De 16. Januar 2007 ass déi éischt Erweiderung, The Burning Crusade, op de Maart komm. En halleft Joer méi spéit huet Blizzard déi zweet Erweiderung, Wrath of the Lich King annoncéiert, déi den 13. November 2008 an d'Butteker koum. Am August 2009 gouf déi drëtt Erweiderung, Cataclysm ugekënnegt, déi de 7. Dezember 2010 erauskoum. Déi véiert Erweiderung, Mists of Pandaria, ass am Oktober 2011 ugekënnegt ginn an ass de 25. September 2012 erauskomm.