En Zant (an der Méizuel: Zänn, Latäin: dens) ass eng haart a mineraliséiert Struktur an der Mondhiel vun de Wierbeldéieren. All d'Zänn vun engem Liewewiesen zesumme gi Gebëss genannt.
D'Zänn hunn d'Funktioun fir d'Narung ze gräifen a kleng ze maachen a se esou op d'Verdauung am Verdauungstrakt virzebereeden.[1] Si spillen och eng Roll bei der Verdeedegung an der Kommunikatioun.
D'Zänn vum Mënsch a vu villen anere Mamendéieren duerchlafen en Entwécklungsprozess. D'Mëllechzänn (dentes decidui) sinn d'Zänn an der Kandheet, déi spéider duerch e permanent Gebëss (dentes permanentes) ersat ginn.