Zwergstaat (och Mini- oder Mikrostaat) ass eng inoffiziell Bezeechnung fir en onofhängegen an international unerkannte Staat, deem seng Landfläch am Verglach mat där vun anere Staate ganz kleng ass.
Zwergstaaten hunn an der Reegel eng Landfläch vun ënner 1.000 km².
An Europa ginn déi kleng Staaten, déi hir Selbstännegkeet als Fürstentum oder anert Herrschaftsgebitt zanter hirer Grënnung bis haut erhalen hunn, als Zwergstaate bezeechent. Lëtzebuerg gehéiert net dozou, well d'Fläch vum Territoire mat 2.586 km²; dach ze grouss fir en Zwergstaat ass.