![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Κυπριακή Δημοκρατία Kypriakí Dimokratía (Griichesch) Kıbrıs Cumhuriyeti (Tierkesch) Republik Zypern | |||||
| |||||
![]() | |||||
Offiziell Sprooch: | Griichesch, Tierkesch | ||||
Haaptstad: | Nikosia | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Nikos Anastasiades | ||||
Fläch: | de facto: 5 896 km² de jure: 9 251 km² (162.) | ||||
Bevëlkerung: | 1.198.575[1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 130/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vu Groussbritannien, de 16. August 1960 | ||||
Nationalfeierdag: | 1. Oktober | ||||
Nationalhymn: | Imnos pros tin Eleftherian (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +2 | ||||
Internet TLD: | .cy | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+357 | ||||
![]() |
D'Republik Zypern (griisch.: Κυπριακή Δημοκρατία; tierk. Kıbrıs Cumhuriyeti) ass en Inselstaat am Mëttelmier. Zypern läit nëmmen eng 70 km westlech vu Syrien a ronn 100 km südlech vun der Tierkei. Domat läit Zypern zwar geographesch an Asien, gëtt awer politesch a kulturell traditionell éischter zu Europa gerechent.
D'Insel Zypern ass déi drëttgréisst Insel am Mëttelmier.
Déi fréier brittesch Kolonie gouf 1960 vu Groussbritannien onofhängeg an ass schonn nëmmen e Joer drop, 1961 an de Commonwealth agetrueden. Zanter dem 1. Mee 2004 ass d'Republik Member vun der Europäescher Unioun.
D'Republik Zypern ass en international unerkannt Land an huet de jure d'Souveränitéit iwwer ronn 97 % vum Territoire vun der Insel. Groussbritannien kontrolléiert déi 3 % déi Rescht bleiwen. D'Insel ass awer de facto a véier gedeelt: